arrow_back_ios
CD-Klassik
Les Nations
De François Couperin ass e Komponist, dee souwuel am franséischen, wéi och am italienesche Stil komponéiert huet. Géinter Enn vu sengem Liewen huet hien decidéiert béid Stiler an engem grousse Wierk ze regruppéieren. Aus dëser Iddi si véier "Grands concerts" entstanen, déi de Couperin 1726 ënner dem Titel "Les Nations" publizéiert huet. De Jordi Savall huet "Les Nations" mat sengem Ensembel Herspèrion XX opgeholl a bei "Alia Vox" eraus bruecht.