arrow_back_ios
CD-Klassik
Skandinavesche Bruckner
Den Hartmut Haenchen an den Anton Bruckner gläiche sech eng Grëtz. De Bruckner huet laang gezéckt, éier hie sech un d'Komponéiere vu Symphonië gewot huet. Den Dirigent Hartmut Haenchen huet 2018 - no laange Joren - emol erëm eng Bruckner-CD opgeholl: déi 8. Symphonie mam Royal Danish Orchestra.