arrow_back_ios
CD-Klassik
Sprëtzeg an elegant
Ouni d'Ouverturë vu sengen Operettë wier de Franz von Suppé méiglecherweis haut ee vun de sëlleche vergiessene Komponisten. D'Ouverturë sinn d'Relikte vu Bühnewierker, där hir Geschichten dacks wéineg daachen a mat den Hoer erbäigezu sinn. De Münchner Rundfunkorchester huet elo eng Selektioun vun Ouverturen opgeholl.