arrow_back_ios
CD-Klassik
Wann e Piano an eng Harf Geschichte verzielen
D'Harf ass en Instrument mat Klangfaarwen, déi jiddweree verzaubere kënnen. Wann eng Harf mat hirem Cousin, dem Piano, am Duo spillt, wéi beim Duo Praxedis, da kann ee sech op e faszinante klengen Orchesterklang freeën. Den Duo Praxedis huet elo een Disk mat Operemelodien erausbruecht. Den CD-Tipp vum Manuel Ribeiro.