CD-Klassik
D'Rekonstruktioun vun engem Geieconcerto
Laang war dem Henri Marteau (1874-1934) säi Geieconcerto an Do Majeur net ze héieren. Am Laf vun der Zäit ass d'Orchesterpartitur verluer gaangen a just d'Pianosreduktioun ass erhale bliwwen. Fir déi véiert Sortie aus der Serie mat Wierker vum Geiist Henri Marteau huet den Dirigent Raoul Grüneis dëse Concerto elo reorchestréiert a mat der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern agespillt. Solist ass den Nicolas Koeckert.