CD-Klassik
Musek vun engem Staatsmann
Pénktlech fir de Centenaire vun der Onofhängegkeet vu Polen kënnt een Disk mat Musek vum Ignaz Paderewski eraus. De Pianist a Komponist Ignaz Paderewski hat sech nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich ferm fir déi polnesch Souveränitéit engagéiert. Dank senger Popularitéit a senge gudde Kontakter bis an d'Wäisst Haus zu Washington ass Polen een onofhängege Staat gi mam Paderewski als éischte Regierungschef. Trotz senger politescher Aktivitéit war de Paderewski awer virop e bedeitende Museker. Dat ënnersträicht och dës nei Produktioun mam Pianist Radoslaw Sobczak.