Panorama
Panorama
D'Aussen- an Europaministere vun de 27 EU-Memberstaaten gi gréng Luucht fir d'Austrëtts-Ofkommes tëschent Groussbritannien an der EU. Et wier besser, een Accord mat Groussbritannien ze hunn, wéi keen, esou d'Reaktioun vum Jean Asselborn.
Suite vun de Koalitiounsverhandlungen dës Woch. An deem Kontext hunn och zwou vun den dräi méigleche Majoritéitsparteien hir Prozedure lancéiert fir d'Lëschte fir d'Europawahlen am Mee d'nächst Joer.
Lëtzebuerg rutscht vun der siwenter op déi néngte Plaz am Kompetitivitéits-Verglach mat den aneren EU-Memberstaaten. Dat geet aus dem Bilan fir dëst Joer vum Observatoire de la Competitivité ervir.
Dem Kulturministère leit eng virleefeg Versioun vum Audit vir, deen eng Analys vum Film-Secteur a vum Filmfong soll maachen.
Nom Mord um Saudiarabesche Journalist Jamal Khashoggi huet Däitschland en Areesverbuet géint 18 saudi-arabesch Staatsbierger verhaangen. Si sti méiglecherweis a Relatioun mat der Dot.
A Jemen hunn d'Huthi-Rebelle sech fir eng Wafferou bereet erkläert.