Panorama
Panorama
Zanter haut de Mëtteg muss ee fréiere Schoulmeeschter vu Biissen sech viru Geriicht veräntwerten, hie soll sech u Kanner vergraff hunn
Wéinst de Wiederkonditioune mécht d'Wanteraktioun hir Dieren dëst Joer éischter op
DP, LSAP an déi gréng kommen dës Woch dräimol am grousse Krees zesumme fir um Koalitiounsaccord ze schaffen
D'Patientevertriedung appelléiert an engem oppene Bréif un de Formateur Xavier Bettel an d'Koalitiounspartner fir eng Aféierung vum Tiers payant généralisé prioritär an de Verhandlungen ze behandelen
Et wéist een net a wéi eng Richtung de Projet géif goen, esou d'Kopresidentin vum Comité politique Nordstad no der Decisioun vu Kolmer-Bierg, net un enger Fusioun interesséiert ze sinn
Keng vun den Infrastrukturen um Site vun der Mierscher Bauerenzentral bleift erhalen
Eng Warnung vum Gesondheetsministère: an engem Noss-Produit vun der Mark Everyday sinn Allergenen dran, déi net op der Etikett stinn
D'Akafsbongen, mat deenen d'Schüler hir gratis Schoulbicher kenne siche goen, sinn nach bis den 31. Dezember gutt
Déi 27 EU Staats- a Regierungscheffen hunn haut gréng Luucht gi fir de Brexit-Accord, sou wéi en de Moment um Dësch läit
De Lëtzebuerger Ausseminister reagéiert am Dossier Special Purpose vehicle - dës Finanzstruktur fir den Handel mam Iran misst en europäescht an net nationaalt Engagement sinn
D'CSV-Fraktioun ass onzefridden, datt d'Chamber just vum Ausseminister iwwer de Brexit-Accord informéiert gëtt, d'Thema awer net an enger Plenarsëtzung diskutéiert gëtt
De Carlos Ghosn, Chef vu Renault-Nissan, ass zu Tokyo festgeholl ginn. No enger interner Enquête bei Nissan werft d'japanesch Justiz him Verontreiung vir
D'Regierung am Jemen huet sech fir Friddensverhandlungen a Schweden ausgeschwat, nodeems d'Houthi-Rebelle sech hënt fir eng Wafferou bereet erkläert huet