Panorama
Panorama
An der Chamber stong den Ausseminister Jean Asselborn den Deputéierte an engem Hearing Ried an Äntwert iwwert d'Brexit-Ofkommes. Et gouf méi Sträit ëm d'Form wéi iwwert de Fong.
D'Zuel vun de Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht sinn, ass iwwert ee Joer gesinn ëm 6,1 Prozent erofgaangen. Dat deelt d'ADEM mat.
D'Nummer vun de Lëschte fir d'Sozialwahle am Mäerz d'nächst Joer goufen ausgeloust.
Kolmar-Bierg géif sech mëttel - oder laangfristeg op kee Fall enger Gemengefusioun an der Nordstad verschléissen, seet de Kolmer Buergermeeschter. Den Ament wier seng Gemeng awer nach net prett fir eng Fusioun.
D'italienesch Justiz wéilt d'Rettungsbot "Aquarius" beschlagnahmen, mellt MSF.
Réckschlag fir den US-President Donald Trump. Ee Geriicht huet enger Immigratiounsorganisatioun Recht ginn, déi géint dem Trump seng méi streng Asylregele geklot hat.