Panorama
Panorama
De fréieren Enseignant vu Biissen, dee sech u Kanner soll vergraff hunn, war der Aschätzung vun engem Psychiater no zourechnungsfäeg - den Affekot vum Ugekloten huet en zweeten Avis gefuerdert
Den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand fuerdert en nationalen Aktiounsplang op Basis vun engem aktualiséierte Recommandatiounsrapport iwwert d'psychesch Gesondheet
An der Chamber stoung de Moien de Brexit-Accord um Programm, diskutéiert gouf awer méi iwwert d'Form wéi iwwert de Fong
D'Journalistenassociatioun ALFP kritiséiert de portugiseschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Leit déi op der Sich no enger Aarbecht sinn ass iwwert ee Joer gesinn ëm 6,1 Prozent erofgaangen
Den Accès an d'Qualitéit vum Internet zu Lëtzebuerg si gutt, esou den éischte Bilan vum Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut ILR
Kolmer-Bierg well sech enger Gemengefusioun an der Nordstad mëttel- oder laangfristeg net verschléissen, dat sot de Buergermeeschter vun der Gemeng Christian Miny am 100,7-Interview
De Parquet vu Paräis huet eng Enquête géint La République En Marche opgemaach, wéinst Donen bei deenen net gewosst ass wou se hierkommen
Déi franséisch Assemblée nationale huet haut mat grousser Majoritéit fir de Budgetsprojet 2019 gestëmmt
Bei engem Selbstmordattentat zu Kabul sinn op d'mannst 43 Mënschen ëm d'Liewe komm a 83 blesséiert ginn