CD-Klassik
Debussy reloaded
De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ouni Claude Debussy, dat ass net ze denken. Kee Chefdirigent ass laanscht "La Mer" komm, de grousse symphoneschen Tryptichon, dee musikalesch Jalonen am Ufank vum 20. Joerhonnert gesat huet. "La Mer" ass sonner Zweiwel dat Wierk, vun deem et déi meeschten Diskenopname mam OPL gëtt. Et ass also nëmme konsequent, datt och de Gustavo Gimeno "La Mer" enregistréiert.