arrow_back_ios
CD-Klassik
Bach op der Mondharmonika
Bei Komponiste wéi zum Beispill dem Johann Sebastian Bach oder dem Béla Bartók denkt een u Geien, Flütten a vläicht och un eng Celesta. Sécher awer net un eng Mondharmonika. Ufank 2017 hunn de Konstantin Reinfeld an de Pianist Benyamin Nuss ugefaange klassesch Stécker fir Mondharmonika ze transkribéieren an op d'Bühn ze bréngen. Elo koum hiren éischten Disk mam Titel "Debut" eraus, op deem een nieft de Komponiste Bach a Bartók och Improvisatiounen an Jazz fënnt.