Panorama
Panorama
Méi wéi d'Hallschent vum Koalitiounsaccord géif stoen, seet de Formateur Xavier Bettel.
De Post-Direkter dementéiert, datt d'Post duerch d'Investissement bei JOIN 96 Milliounen Euro an de Sand gesat hätt. Eng Faillite vun JOIN géif net zur Debatt stoen.
D'ALEBA huet als éischt Gewerkschaft haut hire Programm fir d'Sozialwahlen am Mäerz d'nächst Joer presentéiert.
Den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit, seet, et géif net zu Engpäss bei der Liwwerung vum Impfstoff géint d'Gripp kommen.
D'Konzentratioun vu klimaschiedlechen Zäregasen an der Atmosphär wier esou héich wéi nach nie, warnt d'Weltorganisatioun fir Meteorologie.
De Generaldirekter vun Nissan, Carlos Ghosn, gouf vum Verwaltungsrot entlooss.