CD-Klassik
Eng flott Entdeckung
Haut éischter onbekannt, zu senger Zäit ee vun de bedeitende Komponisten aus der fréier Klassik: Den Anton Zimmermann war um ungareschen Haff zu Bratislava engagéiert an e gudde Kolleeg vum Joseph Haydn. Béid Museker si sech ëmmer nees iwwer de Wee gelaf, well dem Haydn säi Patron, de Fürst Esterhazy, sech gutt mat der ungarescher Kroun wollt halen. Wéi sou dacks an der Museksgeschicht ass de Komponist aus dem hierarchesch méi klengen Haus Esterhazy haut nach e Begrëff, iwwerdeems dem ungaresche Kinnek säin Hausmuseker kaum nach genannt gëtt. Dat kéint sech allerdéngs mat enger neier Produktioun vun Harmonia Mundi änneren.