CD-Klassik
Eng flott Redecouverte
Den Darius Milhaud war een aus dem faméise Groupe des Six, sechs franséisch Komponisten, deenen et u Fantasie an Iddien ni gefeelt huet. Et ass deemno kee Wonner, datt de Milhaud sech och fir technesch Spillereien interesséiert huet, fir ausgefalen Instrumenter wéi de Pianola, ee Piano, dee mat perforéierte Rouleaue fonctionnéiert. Et war dat passend Instrument fir seng Balletsmusek "La Bien-Aimée", déi et elo op enger neier CD-Produktioun ze entdecke gëtt, zesummen mat "L'oiseau de feu" vum Igor Stravinsky.