Klassik aktuell
Mann vum musikalesche Fortschrëtt
Zu Cremona, dem Komponist senger Gebuertsstad, sinn d'Affichë vum Monteverdi-Fest scho laang agepaakt. D'lescht Joer gouf grouss de 450. Gebuertsdag vum Museker gefeiert. U säin 375. Doudesdag gëtt kaum erënnert. Dobäi ass dem Monteverdi seng Musek haut ganz lieweg, zum Beispill duerch dem John Eliot Gardiner säi Monteverdi Choir an nei Opféierunge vu sengen Operen. Dem Claudio Monteverdi seng Musek ass nohalteg.