Panorama
Panorama
CSV: De Claude Wiseler hält als CSV Fraktiounschef op, hie géif beim Vott e Mëttwoch net méi fir de Poste vum Fraktiounspresident kandidéieren, sou de Claude Wiseler am 100,7 Interview, nodeems d'Wort dat de Moie gemellt hat
Koalitiounsaccord: Neie Koalitiounsaccord tëschent DP, LSAP, déi gréng gëtt haut ganz publizéiert an de Mëtteg um 17:00 am Ausseministère ënnerschriwwen
Klimakonferenz: Déi 24. Weltklimakonferenz fänkt zu Kattowitz a Polen un, d'UNO huet betount, et misst méi gemaach gi fir d'Äerderwiermung op zwee Grad ze limitéieren
Gilets jaunes: Regierung wëllt Kris duerch Gespréicher mat Parteicheffen a Vetrieder vun der Protestbeweegung entschäerfen
Andalusien: A Spuenien ass mat der friemefeindlecher Vox no Wahlen an Andalusien fir d'éischte Kéier zanter dem Enn vun der Diktatur eng rietsextrem Partei an engem regionale Parlament vertrueden
Finanztransaktiounssteier: Däitschland a Frankräich wéilte bei Treffe vun Eurozon Finanzministeren eng nei Propos fir eng Steier op Finanztransaktiounen an Europa virstellen, sou d'Süddeutsche Zeitung
Fussball: Tabelleleader Jeunesse verléiert 0-5 géint Nidderkäerjeng
Fussball: UEFA huet nei europäesch Competitioun vun 2021 un annoncéiert