Panorama
Panorama
Déi 17 Ministere vun der neier Regierung goufen de Mëtteg vum Grand-Duc Henri am Palais vereedegt.
D'ABBL, d'Handwierkerfederatioun an d'Caritas reagéieren op de Koalitiounsaccord.
Zwee Männer goufen am Süde vu Lëtzebuerg festgeholl bei de Razzie géint Membere vun der italienescher Mafiaorganisatioun Ndrangheta.
Déi franséisch Regierung géif op eng Hausse vun den Taxen op Bensin an Diesel verzichten, wann ee keng gutt Léisung géif fannen. Dat sot de franséische Premier Edouard Philippe virun der Assemblée Nationale.
De Sträit iwwer den UNO-Migrationspakt huet an der Belsch eng Regierungskris ausgeléist.
D'Friddensverhandlungen tëschent der Regierung am Yemen an den Houthi Rebelle fänke muer a Schweden un.