Panorama
Panorama
17 Deputéierter, dorënner fënnef ganz Neier goufen de Mëtteg an der Chamber vereedegt.
D'Hausse vun de Akzisen op de Pëtrolsproduiten, déi am Regierungsprogramm virgesinn ass, soll d'nächst Joer net direkt den éischte Januar kommen an tëschent engem oder dräi Cent leien, seet de Claude Turmes.
De Frank Engel ass interesséiert fir CSV-Parteipresident ze ginn, de Serge Wilmes wollt sech nach net festleeën an de Luc Frieden wëllt net kandidéieren.
D'Geschäfter op de Champs-Elysées sollen e Samschdeg hir Dieren zoumaachen, fuerdert d'Préfecture vu Paräis. Dat en Vue vu weideren Demonstratioune vu Gilets jaunes.
De Sträit tëschent China an den USA ass nei opgeflaamt. Dat wéinst der Verhaftung vun der Finanzcheffin vum chineseschen Technologie-Konzern Huawei.
De franséischen Auteur Joseph Joffo ass am Alter vu 87 Joer gestuerwen.