Panorama
Panorama
D'Carole Dieschbourg ass d'nächst Woch op der Klimakonferenz zu Kattowitz a Polen - am 100,7 Interview schwätzt d'Ëmweltministesch iwwer hir Erwaardungen
Um Niveau vun der Betribsbesteierung ass Lëtzebuerg aktuell ganz kompetitiv, seet de Pierre Gramegna am 100,7 Interview
Lëtzebuerg sollt mam gudde Beispill virgoen, an no Frankräich eent vun deenen éischten europäesche Länner ginn, dat eng national Legislatioun aféiert, déi d'Entreprisen zu enger Diligence verflicht, dat fuerdert d'Initiative pour un devoir de vigilence
Den Tram huet a sengem éischte Joer 4,6 Millioune Passagéier transportéiert a wier e Rise-Succès, sou den Direkter vun der Bedreiwergesellschaft Luxtram
Et soll e Sécherheetsaudit iwwer d'N23 tëschent Räichel a Maartel am Weste vum Land gemaach ginn
Déi franséisch Sécherheetskräfte preparéieren sech op nei Protester vun de Gilets jaunes muer
Déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel huet de Moien den CDU-Parteidag zu Hamburg opgemaach - hei gëtt de Mëtteg no 18 Joer hir Nofolleg gewielt
D'europäesch Sozialdemokrate sinn haut a muer zu Lissabon - de Mëtteg um zwou Auer soll de Spëtzekandidat fir d'Europawahlen 2019 nominéiert ginn
Den Hierscht zu Lëtzebuerg war ze dréchen dëst Joer - dat schreiwe Meteolux an d'Fuerschungsinstitut LIST an hirem Wiederrapport