Panorama
Panorama
D'Annegret Kramp Karrenbauer gouf als nei CDU-Presidentin gewielt. Si huet sech am zweeten Tour géint de fréiere Fraktiounschef Friedrich Merz duerchgesat.
A Saachen Ëmweltschutz hätt déi nei Regierung en éiergäizege Programm zesummegestallt, mengt Natur an Ëmwelt. Beim Naturschutz géif et awer nach Sputt no uewen.
Um Niveau vun der Betribsbesteierung ass Lëtzebuerg den Ament ganz kompetitiv, seet de Finanzminister Pierre Gramegna am 100,7 Interview.
Lëtzebuerg sollt mam gudde Beispill virgoen an eent vun deenen éischten europäesche Länner ginn, dat e Gesetz fir d'Suergfaltsflicht vun Entreprisen aféiert, dat fuerdert d'Initiative pour un devoir de vigilence.
Den Donald Trump huet de William Barr als neie Justizminister an d'Heather Nauert als UNO-Ambassadrice genannt.
A véier Departementer am Norde vu Frankräich gëllt vun haut den Owend bis e Sonndeg den Owend e Verbuet fir Demonstratioune vu Gilets jaunes.