CD-Klassik
Vital a vill Fantasie
De Gros vum Gioacchino Rossini sengen Opere si Raritéiten op den Theateraffichen. Dat gëllt net fir d'Ouverturen, déi een dacks a Concerten ze héiere kritt. Dat läit virun allem un de sprëtzege Melodien, déi de Rossini virtuos a brillant orchestréiert huet. Zanter laangem gëtt elo nees eng Opnam mat Rossini-Ouverturen ënner der Direktioun vum Michele Mariotti. Den Dirigent kennt säi Rossini, schliisslech ass hien - grad wéi de Komponist - zu Pesaro op d'Welt komm.