Klassik aktuell
Eng Prinzessin fir den OPL
Perkussionisten hunn e ganzt Arsenal vun Instrumenter, vum klengen Triangel iwwer d'Klackespill bis bei de groussen Tam Tam. Déi ginn och all ëmmer gebraucht, well d'Klangfantasie vun de Komponiste keng Grenze kennt. De Maurice Ravel schreift a senger Orchestratioun vun "Bilder einer Ausstellung" eng Klack vir. An esou eng Klack huet sech elo den OPL ugeschaaft, een Instrument, dat eng prominent Giedel huet: d'Prinzessin Alexandra.