Panorama
Panorama
De Mann deen ënner Verdacht steet, gëschter zu Stroossbuerg op Leit geschoss ze hunn, ass nach ëmmer op der Flucht
Hie war der Lëtzebuerger Justiz wéinst engem versichten Abroch bekannt
Zu Lëtzebuerg gouf méi Präsenz vun der Police, awer kee méi héijen Niveau vu Menace decidéiert
D'Theme Wuesstum an Nohaltegkeet vun de Staatsfinanzen hunn d'Chamber-Debatt no der Regierungserklärung dominéiert
De Regierungsprogramm gëtt enger fortschrëttlecher a sozial gerechter Politik net gerecht - zu där Konklusioun kennt déi kommunistesch Partei an hirer Analys
D'CGFP ass géint d'Erofsetze vun der Kilometerpauschal, déi hirer Meenung no am Regierungsprogramm virgesi wier
De fréiere Chef vum Fonds de Logement Daniel Miltgen wëllt eng Plainte wéinst Calomnie an Diffamatioun géint déi fréier Logementsministere Marc Hansen a Maggy Nagel maachen
Groussbritannie brauch eventuell geschwënn en neie Premier ... den Owend muss d'Theresa May sech engem Mësstrauensvott vun hirer Partei stellen