Panorama
Panorama
D'Associatioun Passerell geheit dem Immigratiounsminister vir ze léien: et geet ëm d'Ënnersiiche vun de Geschlechtsdeeler vu méiglecherweis mannerjäregen Asyldemandeuren
D'CSV kritiséiert en Anti-Blanchimentsinstrument dat op Basis vun enger EU-Direktiv soll geschaaft ginn - esou wuel wéinst dem Inhalt wéi wéinst der Aart a Weis wéi et kreéiert soll ginn
D'Gesondheetskeess geet dovunner aus, datt d'Recette vun der Assurance-Dépendance d'nächst Joer knapp 20 Milliounen Euro méi héich sinn wéi d'Depensen
D'Gewerkschaften LCGB an OGBL hu virgëschter en neie Kollektivvertrag fir d'Salariéë vun der Stolbauentreprise LINDAB ASTRON BUILDINGS SA ënnerschriwwen
Déi 27 EU-Staate wieren net prinzipiell géint d'Méiglechkeet vun engem Nohanneréckele vum Brexit - dat sot de Premier Xavier Bettel virum Sommet haut
D'Europäesch Zentralbank hält Ënn dës Joers mat hirem Scholden-Opkaf-Programm op
No enger Woch droen d'Friddensverhandlungen iwwert de Jemen a Schweden éischt Friichten: Den UNO-Chef Antonio Guterres huet Wafferou ugekënnegt
Leschte Match an der Europa League haut fir den F91 Diddeleng