CD-Klassik
Schubert aus der Schwäiz
Den Heinz Holliger ass eng vun deene markante Musekerperséinlechkeeten aus eiser Zäit: Hautboist, Komponist an Dirigent. An deene leschte Joren hunn den Hautbois an d'Barockmusek kaum nach eng Roll gespillt. De Komponist an den Dirigent sinn an de Fokus geréckelt, an dat op zwee ënnerschiddlechen Terrainen: déi zäitgenëssesch Musek an d'Romantik. Mam Kammerorchester Basel huet den Heinz Holliger eng Integrale vum Franz Schubert senger Musek lancéiert. Elo koum déi sougenannt grouss C-Dur-Symphonie eraus.