Panorama
Panorama
De Vott an der Chamber an och de Referendum iwwer déi geplangten nei Verfassung kéint 2020 sinn, seet den Alex Bodry
Éischt Ënnerscheeder bei der Chance-Gläichheet wéinst dem sozio-ekonomesche Background maache sech schonn am éischte Schouljoer bemierkbar - dat geet aus dem zweeten nationalem Bildungsrapport ervir
De Géisdrefer Gemengerot huet der Buergermeeschtesch Christa Schmitz d'Vertrauen entzunn
D'Police mécht en Zeienopruff wéinst enger vermësster Persoun - de 55 Joer ale Jean Zeimet ass zanter dem 29. November net méi gesi ginn
Am November hunn 234 Persounen zu Lëtzebuerg eng international Protektioun ugefrot, 50 kruten de Flüchtlingsstatut unerkannt
D'Fortschrëtter bei den Euro-Reforme kommen dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker no net séier genuch
D'Europäesch Zentralbank huet gëschter decidéiert fir vun nächstem Joer un d'Héicht vun de Staatsscholden, déi se opkaaft huet, konstant ze halen
No der Attack en Dënschdeg den Owend zu Stroossbuerg ass haut e véiert Affer u senge Blessure gestuerwen
Den ëmstriddene Premier vu Sri Lanka, de Mahinda Rajapakse, trëtt muer zréck