Panorama
Panorama
De COP24-Accord wier e Succès, och wa si d'Kritike vun Ëmweltorganisatioune verstoe kéint, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am 100,7-Interview
Zu Bréissel waren haut 5'500 Persoune fir eng riets-extrem Maniff géint den UNO-Migratiounspakt op der Strooss, eng Géigendemo huet ëm déi Dausend Leit mobiliséiert
D'Leadere vum Kosovo an der EU treffe sech muer - ënnert anerem d'Decisioun vum Kosovo eng Arméi opzestellen dierft fir Tensioune suergen
Den UNO-Beobtraachte Martin Griffiths huet d'Konfliktparteien am Jemen opgefuerdert, sech un d'Wafferou ze halen
Siwe Wochen no senger Entloossung als Premierminister vu Sri Lanka huet de Ranil Wickremesinghe säin Amt haut erëm opgeholl
De klore Gewënner vun den europäesche Filmpräisser ass "Cold Wars", eng dramatesch Libesgeschicht aus Polen