Klassik aktuell
Net nëmmen de Boléro
"Ce qui m'agace, c'est son attitude de faiseur de tour ou mieux, de Fakir charmeur, qui fait pousser des fleurs autour d'une chaise.", schreift de Claude Debussy iwwer de Maurice Ravel. Eng frëndschaftlech Ofneigung gouf et tëschent béid Protagoniste vum franséischen Impressionismus - als Komponisten hu si sech geschat, perséinlech ass hir Frëndschaft iergendwann eng Kéier an d'Bréch gaangen. De Ravel huet säi musikalesche Begleeder Debussy ëm 19 Joer iwwerlieft. Hien ass den 28. Dezember 1937 gestuerwen.