CD-Klassik
Technesch souverän
De Pianist Andreas Woyke ass reegelméisseg fir Concerten a Südamerika ënnerwee. Et sinn awer net just dës Reesen, déi seng Begeeschterung fir d'Musek vum Heitor Villa-Lobos, vum Alberto Ginastera an anere latäinamerikanesche Komponisten ugefeiert hunn. Dësen Interessi kënnt schonn aus senge Studienzäite bei sengem Léiermeeschter, dem argentinesche Pianist Aldo Antognazzi. Elo huet den Andreas Woyke een Disk mat südamerikanescher Musek erausbruecht.