arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Referenz
2009 huet de Schwäizer Amati Quartett mat senge Concertsaktivitéiten opgehalen. D'Formatioun, déi sech 1981 gegrënnt hat an iwwer Joerzéngten zu deene Beschten an hirem Fach gezielt huet, hannerléisst eng spannend Diskographie mat villen Opnamen, déi nach ëmmer als Referenze gëllen. Dozou gehéieren och dem Joseph Haydn seng sechs Quartetter aus Opus 50, déi elo als Integrale erauskoumen.