Panorama
Panorama
D'Buergermeeschtesch vu Leideleng, Diane Bisenius-Feipel, ass géint e Referendum zur Fro, ob hir Gemeng aus dem Wahlbezierk Süden an de Bezierk Zentrum soll wiesselen. D'Oppositioun hat sech fir esou e Referendum agesat.
Zu Géisdref gouf de Schäfferot offiziell gestierzt. Rezent hat eng Majoritéit vun de Conseilleren de Budgetsprojet fir d'Gemeng gekippt.
D'Enquête leeft weider, nodeems gëschter zu Wolz en Auto an eng Grupp vu Leit gerannt war. De Chauffer kënnt de Mëtteg virun den Dikrecher Untersuchungsriichter.
Bei de Rettungs-Servicer gouf et an de leschte sechs Méint 37 Demissioune vu Fräiwëllegen
Den US-Kongress kënnt haut an enger neier Konstellatioun zesummen.
Optakt haut zu Ryad vum Prozess am Dossier Jamal Khashoggi. De saudiarabesche Procureur général huet d'Doudesstrof fir fënnef vun den eelef Verdächtege gefuerdert, déi wéinst dem Mord vum saudiarabesche Journalist Jamal Khashoggi ugeklot sinn.
De Bob Jungels start dëst Joer erëm beim Giro d'Italia. Dat huet seng Equipe matgedeelt.