Panorama
Panorama
D'Publikatioun um Internet vun zum Deel sensibelen Informatioune vun honnerte Politiker an Däitschland wier net op e Cyber Ugrëff op d'IT Systemer vun der Regierung a vum Parlament zeréckzeféieren. Zu där Aschätzung kënnt d'Bundesregierung.
Ee Fëscher ass wéinst dem Tropestuerm Pabuk an Thailand ëm d'Liewe komm. De Stuerm gouf géint der Owend awer méi schwaach.
D'Buergermeeschtesch vu Géisdref wënscht sech Neiwahlen, nodeems gëschter de Schäfferot an der Gemeng gestierzt gouf.
De Kussbus fiert einstweilen net méi an dat not franséischt Grenzgebitt.
Wéinst der Dréchent iwwer de Summer zejoert hunn d'Baueren hei am Land hire Véibestand reduzéiert.