CD-Klassik
Wa Leidenschaft gesonge gëtt
Wann ee Leidenschaft a Musek duerstelle wëll, da fënnt een an der Romantik eng Onmass vu Méiglechkeeten. Mee och am 20. an 21. Joerhonnert gëtt et Liederzyklen, déi mat engem Hauch vu Spéitromantik a mat Jazzelementer, Texter voll Ironie, Zynismus, Melancholie a Verzweiwlung a Musek ëmsetzen. "Portraying Passion" ass en Disque, op dem d'Musek vum Kurt Weill a vum Charles Ives mat neie Kompositioune vum Marcus Paus kombinéiert gëtt.