Alexander Müllenbach

Seng Wierker gi ronderëm déi ganz Welt opgefouert, ënner anerem zu St. Petersburg, London a Peking. Och hie selwer huet et fréi an d'Ausland gezunn. Firwat?


Dat erkläert de Komponist 1998 an engem radio 100,7-Interview esou: "Dat huet domat ze dinn, datt ech am Fong geholl jo ganz ganz fréi schonn am professionelle Liewe stoung. Ech hu mat 18 ugefaangen ze enseignéieren an ech si mat 21 hei scho Professer um Conservatoire ginn. A mat 26 hunn ech mech gefrot: Du kanns dat dach net bis 65 elo einfach esou weidermaachen. Do muss iergendeppes passéieren." Den Alexander Müllenbach hëlt d'Decisioun op Salzburg ze goen a baut sech do e Liewen als Enseignant, Komponist, Pianist an Dirigent op. Seng Verbindungen zu Lëtzebuerg gëtt hien awer ni op. Och fir säi 70. Gebuertsdag kënnt den Alexander Müllenbach nees op Lëtzebuerg, fir als Komponist vum Mount Januar mam Luc Boentges um radio 100,7 iwwer säi Liewen a Wierk ze schwätzen.

Episoden

Jidderengem de Bach méi no bréngen

Concert-Conférence vum Ensembel fir al Musek Ad Libitum an der Kierch zu Bartreng. Am Mëttelpunkt steet eng spezifesch Kantat vum J.S. Bach.
headphones

4 min

play_arrow

Orchester-Bibliothecaire an der Philharmonie

All Orchester huet seng Musekerinnen a Museker, mee et ginn och "Silent Musicians". Dat sinn d'Orchester-Bibliothecairen. An der Philharmonie sinn si zu zwee.
headphones

5 min

play_arrow

90. Gebuertsdag vum Arvo Pärt

Deen zäitgenëssesche Komponist aus Estland verzaubert all Mënsch mam “Tintinnabuli”, seng eege Kompositiounstechnik voller Spiritualitéit a Rou.
headphones

3 min

play_arrow

International Staren zu Diddeleng um FIMOD

Vum 6. September bis den 11. November ass nees de Festival International d’Orgue de Dudelange. De President Jean Eloi Olinger verréit méi.
headphones

4 min

play_arrow

Ravel a Pärt

Iwwerbléck iwwer déi aktuell Concerten an der opus-Mediathéik
headphones

4 min

play_arrow

184. Gebuertsdag vum Antonín Dvořák

Den tschechesche Komponist beaflosst déi klassesch Musek an den USA, ënner anerem mat senger 9. Sinfonie “Aus der Neier Welt”.
headphones

3 min

play_arrow

158. Gebuertsdag vun der Amy Beach

Déi éischt Fra an den USA, déi eng Sinfonie komponéiert. Vu Klengem un ass Amy Beach e Wonnerkand.
headphones

3 min

play_arrow

De Bruckner feiert 201. Gebuertsdag

Als Uergelspiller a Komponist war den Anton Bruckner een Ausnametalent, an dach hat hie säi Liewe laang e schlechte Ruff.
headphones

3 min

play_arrow

Lëtzebuerger Ensembel spillt um Konz Musik Festival

Dëst Joer feiert d'Kammerata Luxembourg hieren 40ten Gebuertsdag. Den Ensembel steet zanter 40 Joer fir d'Promouvéiere vun der Kammermusek.
headphones

3 min

play_arrow

For Piano ... or not?

De Lëtzebuerger Pianist Romain Nosbaum bréngt de 5. September een neie Soloalbum eraus. Mat Musek, déi een net dacks um Piano héiert.
headphones

4 min

play_arrow

Militärmusek goes Openair

De 7. September spillt d'Militärmusek um Käercher Gréiweschlass an erënnert musikalesch un hire fréiere Chef André Reichling.
headphones

3 min

play_arrow

4'33 vum John Cage

E Concert ouni Musek? Dat klengt net logesch, mee den John Cage huet et awer méiglech gemaach. Virun 73 Joer war d'Première.
headphones

3 min

play_arrow

The Dora Journey

Den opus-Podcast iwwer d'Dora Pejačević - eng grouss kroatesch Komponistin
headphones

2 min

play_arrow

Eng Rees duerch d'Stater Ënnerwelt

Am Kader vun der LUGA gouf den Aquatunnel opgemaach. Do kann een net nëmmen an d'Ënnerwelt vun der Stad andauchen, mee och an eng Soundinstallatioun vun der Susan Philips.
headphones

5 min

play_arrow

Concerten um radio an opus 100,7

Och wärend der Summervakanz versuerge mir Iech mat Live-Matschnëtter a Concerte ronderëm d'Welt.
headphones

4 min

play_arrow

Musique dans la Vallée 2025

All Joer tëschent Enn August a September invitéiere fënnef Gemengen op d'Musique dans la Vallée. Dëst Joer mam Fokus op d'Famillen
headphones

4 min

play_arrow

Hanner den Téin

Mir maachen den Iwwerbléck vum Podcast Hanner den Téin a senge 7 Episoden.
headphones

4 min

play_arrow

headphones

3 min

play_arrow

Dat Onsiichtbaart siichtbar maachen

"Wou d’Uelzecht": eng Klangrees vun der Lëtzebuerger Komponistin Catherine Kontz an der englescher Poetin S.L. Grange, bei deem een de Gronn op eng ganz nei Aart a Weis entdeckt.
headphones

5 min

play_arrow

Musica Senza Frontiere

"Musek ouni Grenzen" versprécht ee musikaleschen Ensembel, dee reegelméisseg op Besuch zu Lëtzebuerg ass.
headphones

3 min

play_arrow