Panorama
Panorama
11 min
Lëtzebuerg ass bereet, fir sechs Refugiéeën opzehuele vun de Rettungsschëffer am Mëttelmier. Dat sot eis den Ausseminister Jean Asselborn.
D'Betreiung vun de Kanner an de Maisons relais soll an Zukunft während de Schoulwoche komplett gratis sinn. Iwwer d'Finanzéierung wier een an der Chamberkommissioun awer net vill gewuer ginn, kritiséiert d'CSV.
D'Deputéiert am britesche Parlament hunn haut d'Spillreegele vum Brexit geännert. D'Regierung muss ee Plan B bannen dräi Deeg presentéieren, wann den Deal en Dënschdeg am Parlament verworf gëtt.
Am Jura wiere Medien no Wrackdeeler vum Militärfliger fonnt ginn, deen de Moie vum Radar verschwonne war.