Panorama
Panorama
11 min
Et kéint nach bis Mëtt Februar dauere bis den Zuchtrafic op der Linn tëschent Näerzeng a Rëmeleng erëm normal funktionéiere kann, esou d'CFL.
Wann et der Regierung no geet, da soll den 9. Mee schonn dëst Joer e Feierdag ginn an d'Zuel vun de legale Congésdeeg soll och dëst Joer scho vu 25 op 26 klammen.
D'USA hunn ugefaange Material aus Syrien zeréckzeféieren. De Réckzuch vun den Truppen huet awer nach net ugefaangen, esou de Verdeedegungsministère.
Fir de Sonndeg rechne Meteorologe mat neiem Schnéi an den Alpen an am Bayresche Wald.
De franséische Parquet national financier fuerdert ee Prozess virum Tribunal Correctionnel géint d'Koppel Fillon.