Panorama
Panorama
10 min
Eng vun de Revendicatiounen, déi dëst Joer erfëllt solle ginn, ass déi vun der Theaterfederatioun no méi finanzielle Ressourcen. Dat sot d'Kulturministesch Sam Tanson an der Emissioun Riicht eraus.
D'Zuel vun den Doudege bei der Explosioun gëschter zu Paräis klëmmt op véier.
Zwee Piste-Bedreiwer vun enger Schi-Statioun an der Haute-Savoie si gestuerwen. Gëschter waren dräi däitsch Schifuerer an Éisträich wéinst enger Lawin ëm d'Liewen komm. E véierte gëllt nach als vermësst.
14 Persoune si festgeholl gi bei enger grouss ugeluechter Razzia géint Bandë-Kriminalitéit am Ruhrgebiet.
Haut koum d'Parteispëtzt vun der däitscher CDU eng éischten Kéier am néie Joer zesumme fir iwwer hir Strategie fir dëst Joer ze diskutéieren.
De griichesche Verdeedegungsminister Panos Kammenos ass zeréckgetrueden. De Premier Alexis Tsipras gesäit d'Regierung awer net a Gefor.