arrow_back_ios
CD-Klassik
Entdeckungen fir ze genéissen
headphones
12 min
Lauschteren
play_arrow
Gëschter huet de Badische Staatstheater zu Karlsruhe säin 300. Gebuertsdag gefeiert. Ee vun de Komponisten, deen de Virgänger, den Hoftheater, musikalesch wesentlech gepräägt hunn, war de Joseph Aloys Schmittbauer. Säin Numm ass an de feierleche Riede beim grousse Fest net gefall. Dofir erënnert den Ensemble Hof-Capelle Carlsruhe op sengem neien Disk un dës wichteg Figur aus der Museksgeschicht.