Panorama
Panorama
12 min
Brexit: Kruziale Vote am britesche Parlament, géint 20h00 den Owend eiser Zäit sollen d'Deputéiert zu Westminister iwwert de Brexit Akkord ofstëmmen, d'Erwaardunge sinn, dass den Akkord ofgeleent wäert ginn
Steierbedruch: An der sougenannter Cum-Ex-Affär ëm Steierbedruch wier de Lëtzebuerger Staat ëm 10 Millioune bedru ginn, sou reporter.lu
Amiperas: President Jean Morby wier zeréckgetrueden, sou RTL
Kooperatiounspolitik: Et sollt een net all d'Brécke mam Nicaragua ofbauen, sou den Armand Drews, President vun der Federatioun vun de Kooperatiouns-ONG'en, am 100,7 Interview
Däitschland: Problemer am Fluchverkéier wéinst Streiker vum Sécherheetspersonal, betraff sinn haut och d'Flich tëscht Lëtzebuerg a Frankfurt, déi all annuléiert goufen
Simbabwe: Doudeger a Blesséierter bei Protester géint d'Hausse vun de Bensin- an Diesel Präisser
Schnéichaos: Erwaarten Entspanung dës Woch an Deeler vun Däitschland, Éisträich an an der Schwäiz
Polen: Dausende Leit am Trauer nodeems de Buergermeeschter vun Danzeg erstach gouf
USA/Mexiko: Asaz vun amerikaneschen Zaldoten un der mexikanescher Grenz gouf ëm aacht Méint bis Enn September verlängert
Futtball: Lëtzebuerger Futtball-Nationalspiller Gerson Rodrigues wiesselt wéi et schéngt bei e Club a Japan