Panorama
Panorama
14 min
D'lescht Joer hu grad esou vill Männer wéi Frae vum Congé parental profitéiert
Nach ass net kloer, wéini den Tiers-payant-System ulafe soll
De Mike Mathias gëtt Premier Conseiller de Gouvernement am Logementsministère an demissionéiert dowéinst aus dem Staatsrot
Den OGBL ass nach ëmmer géint eng generell Liberaliséierung vun den Ëffnungszäiten - dat huet den onofhängege Gewerkschaftsbond dem neien Aarbechtsminister bei engem éischten Treffen haut matgedeelt
D'Reform vum Stage soll séier ëmgesat ginn - dat soen d'CGFP an den Dan Kersch no enger éischter Entrevue
D'Gemengebeamtegewerkschaft stellt sech eng Partie Froen iwwer de gratis ëffentlechen Transport
Soll d'Veto-Recht an der EU bei Steierfroen ofgeschaaft ginn - d'Kommissioun proposéiert dat, d'Memberstaate missten awer unanime d'Accord sinn
D'britescht Parlament huet gëschter Owend de Brexit Akkord ofgeleent, haut muss d'Theresa May sech engem Mësstrauensvott stellen
Mir hu mat Lëtzebuerger Studenten an England geschwat
Fënnef Ugräifer si responsabel fir d'Attack zu Nairobi gëschter, si sinn elo alleguerten dout
Klimawandel, Datekriminalitéit, geopolitesch Krisen a weltwirtschaftlech Spannungen: de Weltwirtschaftsforum warnt virun engem Horrorzeenario