Panorama
Panorama
D'Deputéiert Djuna Bernard vun déi gréng kandidéiert fir de Poste vun der CO-Parteipresidentin. Nieft hir kandidéiert och den aktuelle President Christian Kmiotek op en Neits.
Déi nei Kritiken un der MUDAM-Direktioun géife si beonrouegen, esou haut d'Kulturministesch Sam Tanson. Gëschter war een anonymme Bréif mat Kritiken ënner anerem un den Aarbechtskonditiounen am Musée ëffentlech ginn.
Am Zuchverkéier ginn et och op der Nordstreck Problemer wéinst der Pann vun enger Maintenance Maschinn. Well bei verschiddenen Zich op där Streck Waggonen ewech geholl goufen, sinn elo manner Plazen disponibel.
Dëse Méindeg soll d'Theresa May hiren neie Plang fir de Brexit am Parlament presentéieren. De Vott doriwwer ass fir den 29. Januar geplangt.
Op d'mannst aacht Persoune wiere bei engem presuméierten Attentat an der Haaptstad vu Kolumbie gestuerwen.