Panorama
Panorama
Lëtzebuerg wier preparéiert fir de Fall, datt Groussbritannien Enn Mäerz ouni Brexit-Accord aus der EU austrëtt. Déi néideg Gesetzestexter wieren do, respektiv spéitstens nächst Woch prett, huet et nom Regierungsrot geheescht.
D'Douane bereet sech hirersäits op all Brexit Zeenario vir. Zanter August zejoert ass eng Brexit Task Force a Kraaft.
Och de Logistik-Secteur bereet sech op en haarde Brexit fir. Bei der Logistik Firma Arthur Welter géif et grouss Planungs-Onsécherheet ginn, esou de Finanzdirekter.
D'ALEBA fuerdert, datt och am Banken an Assurance Secteur den zweeten zousätzleche Congésdag, wéi en am Regierunsgprogramm virgesinn ass, agefouert soll ginn.
De Findel huet d'lescht Joer ronn véier Millioune Passagéier gezielt. Dat si bal eng hallef Millioun méi Passagéier, wéi 2017.
Den US-President soll säi fréieren Affekot Michael Cohen ugestallt hu fir virum Kongress ze léien.