Panorama
Panorama
LSAP: Franz Fayot an Tom Jungen eenzeg Kandidate fir de Vott haut vum neie Parteipresident a Generalsekretär
Bankesecteur: Duerch d'Digitalisséierung wäerten Aarbechtsplaze verluer goen, sou de Laurent Mertz vun der Bankegewerkschaft ALEBA am 100,7 Interview
Gratis ëffentlechen Transport: Eisebunner-Gewerkschaften si weiderhin dergéint, de Reseau wär fir den 1. Mäerz 2020 net prett, sou de Syprolux
Nei Taxi-App: "Uber duerch d'hënnescht Dier", sou d'Kritik vum OGBL
Steieren: Konzerner géifen an der EU net genuch Steiere bezuelen, zu Lëtzebuerg hätten se tëscht 2011 an 2015 nëmmen 2% Steier bezuelt, sou eng Enquête vun de Gréngen am EU Parlament
EU Steierdecisiounen: Lëtzebuerg leent Propose vun EU Kommissioun of, fir a Steierfroen net méi mat Unanimitéit mee mat qualifizéierter Majoritéit ze decidéieren
Brexit: EU Kommissioun wëll haut offiziell op nei Proposë vun der britescher Premier Ministesch reagéieren
Südspuenien: Vertikalen Tunnel fäerdeg fir nom Bouf vun zwee Joer ze sichen, deen viru néng Deeg an e Pëtz gefall ass
Tennis Australian Open: De Griich Stefanos Tsitsipas huet sech als éischte fir d'Hallef-Finalle bei den Häre qualifizéiert, d' Serena Williams ass bei den Dammen an de Véierels-Finallen