Klassik aktuell
D'Konzil vu Konstanz
D'Konzil vu Konstanz (1414-1418) war e grousse Spektakel. Dichteg Hären - weltlecher a geeschtlecher - aus ganz Europa waren an der Stad um Bodensee, fir ze diskutéieren awer och fir sech z'ameséieren. D'Musek huet an dem Ganze keng onwichteg Roll gespillt: als Demonstratioun vu Muecht an Afloss an als Divertissement. Den Ensemble "Les Haulz et Les Bas" proposéiert en nächste Sonndeg zu Miersch (27.1.2019) e Programm mat Musek aus deene wichtege Jore vun der europäescher Geschicht.