CD-Klassik
Doppler Discoveries
Déi zwee Bridder sinn dacks net auserneen ze halen, si si bal eppes ewéi Zwillingen, trotz véier Joer Altersënnerscheed: de Franz an de Carl Doppler. Allebéid waren se déi grouss Flüttisten am 19. Joerhonnert. Sie hunn zur éischter Besetzung vun de Wiener Philharmoniker gehéiert a nieft hire Wierker fir d'Flütt, Operen an Orchestermusek geschriwwen. Haut ass et awer vrun allem de Flütterepertoire, deen nach gespillt gëtt a vun deem den Emmanuel Pahud an den Andras Adorjan eis e puer Raritéite presentéieren.