Panorama
Panorama
LSAP: De Franz Fayot gouf als neie President, an den Tom Jungen als neie Generalsekretär, gewielt, um LSAP Kongress gëschter Owend
Franz Fayot: D'LSAP bräicht nei Diskussiouns-Plattformë fir d'"Opbrochstëmmung", déi et virun allem bei Jonke géiff ginn, positiv ëmzesetzen, sou de neien LSAP Parteipresident am 100,7 Interview
Ettelbréck: E Konsumraum fir Drogenofhängeger, deen am Koalitiounsaccord annoncéiert gouf, wier den Ament net geplangt, sou d'Ministeren Etienne Schneider a Corinne Cahen
Prozess: Parquet freet 12 Joer Prisong mat méiglechem partielle Sursis fir e suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen, deen ënnert anerem wéinst attentat à la pudeur ugeklot ass
Frankräich: National Agence Anses warnt viru méiglechem Gesondheetsrisiko, wéinst chemesche Substanzen a Wëndelen, déi ee nëmmen eemol ka gebrauche kann
Weltjugenddag: Honnertdausende jonk Katholike ginn an de nächsten Deeg a Panama erwaart
Tennis: Serena Williams eliminéiert bei den Australian Open