Panorama
Panorama
LSAP: De Franz Fayot gouf als neie President, an den Tom Jungen als neie Generalsekretär gewielt, um LSAP Kongress gëschter Owend
Ettelbréck: E Konsumraum fir Drogenofhängeger, deen am Koalitiounsaccord annoncéiert gouf, wier den Ament net geplangt, sou d'Ministeren Etienne Schneider a Corinne Cahen
Prozess: Parquet freet 12 Joer Prisong mat méiglechem partielle Sursis fir e suspendéierte Schoulmeeschter vu Biissen, deen ënnert anerem wéinst attentat à la pudeur ugeklot ass
Frankräich: National Agence Anses warnt viru méiglechem Gesondheetsrisiko wéinst chemesche Substanzen, dorënner Glyphosat, a Wëndelen, déi ee nëmmen eemol ka gebrauche kann
Däitschland: Däitsch Participatioun bei der Sophia Missioun virun de libescher Küst suspendéiert
Weltjugenddag: Honnertdausende jonk Katholike ginn an de nächsten Deeg a Panama erwaart
Tennis: Serena Williams eliminéiert bei den Australian Open