Panorama
Panorama
D'Direktioun vum Mudam reagéiert op d'Kritik vum Personal. Et géif ee gemeinsame Wëlle ginn, fir d'Problemer ze léisen, heescht et an engem Schreiwes.
Den Aarbechtsminister Dan Kersch relativéiert eng Statistik iwwer Jugendaarmut: Eng Etüd vun Eurostat war zur Konklusioun komm, datt hei am Land 20 Prozent vun de Jonken tëscht 18 a 24 Joer, Gefor lafen an d'Aarmut ze rutschen, obwuel se schaffe ginn.
De Gemengerot zu Viichten huet haut an engem Mësstrauensvote géint de Schäfferot gestëmmt.
D'EU-Kommissioun kritiséiert an engem Rapport de Verkaf vu Staatsbiergerschaften un Net-EU-Bierger.
Op d'manst véier Doudeger viru Manifestatiounen am Venezuela.
Sport: Nationalspiller Dan da Mota an Untersuchungshaft, mellt d'Tageblatt.