arrow_back_ios
CD-Klassik
Eng Première
De Franz Liszt kann e sech net als Operekomponist virstellen. Literaresch Figuren, perséinlech Dramen huet en a senge symphoneschen Dichtunge vertount. Fir e Sujet op Motiver vum Lord Byron hat de Liszt sech allerdéngs eng Operefassung ausgeduecht: "Sardanapalo". De Komponist huet de Projet allerdéngs nie op en Enn bruecht. Et gëtt just Skizze vum éischten Akt, déi eréischt 2017 zu Weimar ausgegruewen an orchestréiert goufen. De Kirill Karabits an d'Staatskapelle Weimar hunn d'Operefragment elo op CD opgeholl.